Servicer

  • Erzéiung a Berodung

    Eng stabil Mensch-Hond Bezéiung ass net selbstverständlech. Kloër Grenzen, eng gutt Kommunikatioun a géigesäitegt Vertaue schaafen d’Basis fir en entspaant Zësummeliewen. Ech hëllefen iech als Team zësummen ze wuessen.

    An Eenzelstonnen oder am klenge Grupp, schaffe mir dorun, dass du an däi Mupp méi entspaant duerch den Alldag goë kënnt. Och Hënn mat Angscht- an Aggressiounsthematike sinn an eiser Muppeschoul härzlech wëlkomm.

  • Mantrailing

    Beim Mantrailing léiert däin Hond seng Nues geziilt anzesetzen fir eng Persoun ze fannen. Du léiers d’Kierpersprooch vun dengem Hond kennen an dir wuesst als Team. Mantrailing ass eng sënnvoll Beschäftegung, déi och fir onsécher oder ängschtlech Hënn vill Virdeeler huet.

    Ech sinn ausgebilde Mantrailtrainerin.

    Eisen Training zeechent sech duerch Professionaliéit an Expertise aus. Esou stelle mir sécher, dass däin Hond net ënner- oder iwwerfuerdert ass an d’Motivatioun laangfristeg erhale bleift. Eis Gruppe si kleng, fir dass ze laang Waardezäiten fir Hond a Mensch évitéiert ginn.

  • Maulkuerfberodung

    Ech beroden dech gären a Saache Maulkuerf an hëllefen dir de passende Maulkuerf fir däin Hond ze fannen. Och individuell Upassunge si méiglech! Egal ob klenge Mupp oder grousse Mupp.

    E Maulkuerf huet vill Virdeeler, net nëmme bei Hënn mat Aggressiounsthematiken, ma och fir op Reesen, Visitte beim Veterinär, oder als Friessschutz dobaussen. Ech hëllefen dir och gären dobäi däin Hond un de Maulkuerf ze gewinnen.

  • Social Walks

    Social Walks

    Mir bidde regelméisseg Social Walks un.

    Hei ginn Mënsch-Hond Teams zësumme mat engem Grupp spazéieren.

    Ënnerwee ginn da kleng Übunge gemaach a sëch ausgetosch. Social Walks bidden dir an dengem Hond vill Virdeeler. Entspaant zësumme nei Spazéierweeër entdecken, a Kontakt mat aaneren trieden an all dat an engem geschützten Emfeld mat professioneller Uleedung.

  • Berodung virum Kaf

    Du wëlls e Mupp bei der ophuelen, deen optimal bei dech an deng Liewensemstänn passt?

    Ech hëllefen der en Hond ze fannen, deen an däi Liewe passt. Egal ob vum Ziichter oder vum Déireschutz, Welpen oder erwuessenen Hond, ech begleeden a beroden dech.

Och Hënn mat Angscht- an Aggressiounsthematike si bei de Lausmuppen härzlech wëlkomm.